Harry Belafonte
Den Harry Belafonte, gebuer den 1. Mäerz 1927 zu Harlem[1], New York City, a gestuerwen de 25. Abrëll 2023 zu New York war en US-amerikanesche Sänger, Schauspiller an Entertainer. Hien ass ausserdeem fir säi politescht a soziaalt Engagement bekannt.
Harry Belafonte | |
---|---|
Gebuertsnumm | Harold George Bellanfanti |
Pseudonym | Raymond Bell |
Gebuer |
1. Mäerz 1927 Harlem |
Gestuerwen |
25. Abrëll 2023 Upper West Side |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | USA, Jamaika |
Educatioun | The New School |
Aktivitéit | Sänger, Schauspiller, Entertainer, Friddensaktivist, Discographesche Kënschtler, Lidderschreiwer, Televisiounsschauspiller, Filmproduzent, Delegéierte Produzent, Dänzer, politeschen Aktivist, Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
Partei | Democratic Party |
Famill | |
Kanner | Shari Belafonte, David Belafonte, Gina Belafonte |
Liewen a Karriär
änneren1956 hat hien e grousse Succès mam Lidd Banana Boat Song (Day-O), an huet domat de Calypso-Stil vun de karibeschen Insele bekannt gemaach. Aner bekannt Lidder vun him si Matilda, Angelina, Island in the Sun oder Jamaica Farewell. Méi spéit huet hien éischter am Gospel oder Popstil gesongen. 1985 huet hiem mam Lionel Richie, Michael Jackson a Quincy Jones de Benefiz-Projet „USA for Africa“ op d'Bee gestallt an d'Lidd „We Are The World“ mat opgeholl.
2002 huet hien „The Long Road to Freedom“ publizéiert, eng Anthologie op 5 CDe vun der Musek vun de Schwaarzen an den USA, vu westafrikaneschen Aschanti-Lidder aus dem 17. Joerhonnert iwwer Spirituals, kreolesch Chéier, Blues a Gospel bis zu de Balladen aus de grousse Stied ëm d'Joer 1900.
Hien huet am Ganzen eng geschaten 150 Millioune Placke verkaf.
Als Schauspiller huet de Belafonte an enger ganzer Rëtsch Kinofilmer matgespillt, ë. a. am Otto Preminger sengem Carmen Jones (1955, eng Adaptaioun vum Georges Bizet senger Oper Carmen), Island in the Sun (1957), Uptown Saturday Night (1974) oder dem Robert Altman sengem Kansas City (1996).
Hien hat an der Zäit eng eegen Televisiounsemissioun, Tonight with Belafonte, fir déi en 1962 - als éischte Schwaarzen - den Emmy krut.
Den Harry Belafonte engagéiert sech fir politesch a sozial Ziler: an den 1960er Jore fir d'Biergerrechter vun de Schwaarzen an den USA, géint de Vietnamkrich, d'Apartheids-Regime a Südafrika, an d'Militärdiktatur a Griicheland; a fir d'Friddens- an d'Anti-Atomkraaft-Beweegung an den 1970er/1980er Joren. An den 2000er Joren huet hie virun allem d'US-Aussepolitik ënner dem George W. Bush kritiséiert. Hien ass UNICEF-Sonner-Ambassadeur.
Filmographie (Auswiel)
änneren- 1953: Bright Road - Regie: Gerald Mayer (mat der Dorothy Dandridge)
- 1954: Carmen Jones - Regie: Otto Preminger (mat der Dorothy Dandridge an der Diahann Carroll)
- 1957: Island in the Sun - Regie: Robert Rossen (mam James Mason, Joan Fontaine, Dorothy Dandridge an der Joan Collins)
- 1959: The World, the Flesh and the Devil - Regie: Ranald MacDougall (mat der Inger Stevens an dem Mel Ferrer)
- 1959: Odds Against Tomorrow - Regie: Robert Wise (mam Robert Ryan, Shelley Winters an der Gloria Grahame)
- 1970: The Angel Levine - Regie: Jan Kadar (mam Zero Mostel)
- 1972: Buck and the Preacher - Regie: Sidney Poitier (mam Sidney Poitier)
- 1974: Uptown Saturday Night - Regie: Sidney Poitier (mam Sidney Poitier a Bill Cosby)
- 1992: The Player - Regie: Robert Altman mam Tim Robbins, Whoopi Goldberg a Greta Scacchi
- 1994: Prêt-à-Porter vum Robert Altman mam Sophia Loren a Marcello Mastroianni
- 1995: White Man's Burden - Regie: Desmond Nakano (mam John Travolta)
- 1996: Kansas City - Regie: Robert Altman (mat der Jennifer Jason Leigh a Miranda Richardson)
- 1996: Jazz '34 - Regie: Robert Altman - Belafonte als Erzieler
- 2006: Bobby
- 2018: BlacKkKlansman
Literatur
änneren- Harry Belafonte, Michael Shnayerson: My Song: A Memoir. Knopf, New York 2011, ISBN 978-0-307-27226-3.
- däitsch Iwwersetzung vum Kristian Lutze: My Song: Die Autobiographie. Kiepenheuer & Witsch, Köln 2012, ISBN 978-3-462-04408-9.
- Harry Belafonte: Was mich bewegt; Gespräche mit Günter Amendt. Konkret Literatur, Hamburg 1982 u. ö., ISBN 3-922144-17-9.
- Günter Koch: Ein Junge aus Harlem, Harry Belafonte. Brandenburgisches Verlagshaus, Berlin 1990, ISBN 3-327-00849-3.
Um Spaweck
ännerenCommons: Harry Belafonte – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Harry Belafonte, mit Michael Shnayerson: My Song. Die Autobiographie Kiepenheuer & Witsch, 2012, Seite 25 ff.