Op den Inhalt sprangen

Auer

Vu Wiktionnaire
Eng Auer

Substantiv  f (pl: Aueren)

Aussprooch (IPA): ['ɑuər]

Audio

[änneren]

Bedeitung:

[1] Eng Auer ass en Instrument fir d'Zäit ze moossen.
[2] Fir auszedrécken, wéi spéit et ass.

Bsp:

[1] Hien huet eng deier Auer.
[1] Déi doten Auer geet no.
[2] Wéi spéit ass et? - Et ass siwen Auer.
[2] Wéi vill Auer ass et? (Wéi vill Auer hu mer?) - Et ass hallwer siwen.
Verschidden Auerzäiten
[änneren]
  • 01.00 Eng Auer (nuets)
  • 02.00 Zwou Auer (nuets)
  • 06.00 Sechs Auer (mueres)
  • 12.00 Zwielef Auer oder Mëtteg
  • 13.00 Eng Auer (mëttes)
  • 14.00 Zwou Auer (mëttes)
  • 18.00 Sechs Auer (owes)
  • 24.00 Hallefnuecht


Artikel op Wikipedia  Auer