Op den Inhalt sprangen

Melekeok

Vu Wikipedia
Melekeok
Wopen Lokalisatiounskaart
Land: Palau
Staat: Melekeok State
Koordinaten: 07° 29' 36" N
134° 38' 03" E
Fläch: 28 km²
Awunner: 271 (2005)
Bevëlkerungsdicht: 10 Aw./km²
Zäitzon: UTC+9

Melekeok ass d'Haaptstad vu Palau. Si läit am Verwaltungsgebitt Melekeok, op der gréisster Insel vu Palau, Babelthuap (och Babeldaob genannt). Zanter dem 7. Oktober 2006 ass Melekeok Haaptstad, virdru war et Koror.

Zu Melekeok liewen nëmmen 271 Awunner (Stand 2005)[1], an et gëtt och nach keng fest Stroossen; verschidden Haiser leie souguer ganz am Dschungel. Et gëtt allerdéngs op der ganzer Haaptinsel keng gréisser Siidlungen, soudatt de Choix absënns am Hibléck op déi laang Geschicht vu Melekeok als Muechtzentrum vu Palau verständlech ass.

Commons: Melekeok – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. http://www.geonames.org/search.html?q=melekeok&country=