Op den Inhalt sprangen

Europäesche Wirtschaftsraum

Vu Wikipedia
Den EWR besteet aus den
EFTA-Memberstaaten (mat Ausnam vun der Schwäiz) (gréng)
Island Liechtenstein Norwegen
EU-Memberstaaten (blo)
Belsch
Bulgarien
Dänemark
Däitschland
Estland
Finnland
Frankräich
Griicheland
Irland
Italien
Kroatien1
Lettland
Litauen
Lëtzebuerg
Malta
Holland
Éisträich
Polen
Portugal
Rumänien
Schweden
Slowakei
Slowenien
Spuenien
Tschechesch Republik
Ungarn
Zypern
1 provisoresch zënter dem 12. Abrëll 2014[1]

Den Accord iwwer den Espace Économique Européen (EEE, och Europäesche Wirtschaftsraum - EWR) ass en Ofkommes tëscht der Europäescher Unioun an der Europäescher Fräihandelsassociatioun (EFTA oder AELE op Franséisch) an ass zanter dem 1. Januar 1994 a Kraaft.

Nieft den EU-Länner hunn dräi vun de véier EFTA-Länner den Accord ënnerschriwwen: Norwegen, Island a Liechtenstein. D'Schwäizer hu sech an engem Referendum nodréiglech géint den EEE decidéiert, soudatt den Traité net ratifizéiert konnt ginn. D'Schwäiz huet doropshin an de Joren duerno iwwer 100 bilateral sektoriell Accorde mat der EU ofgeschloss, fir deelweis Zougank zum Bannemaart ze hunn.

Den Espace Économique Européen ass a senger haiteger Form en eenzegaartege Accord, et as weeder e richtege Marché ouni Grenzen, nach eng Zollunioun.

Zentral bei deem Ofkommes ass, datt déi véier Fräiheete vum europäesche Bannemaart, d'fräi Zirkulatioun vun de Wueren, Servicer, dem Kapital an de Persounen am gesamten europäesche Wirtschaftsraum, dat heescht och an Norwegen, Island a Liechtenstein gëllen. Den Accord schléisst och d'Beräicher Konkurrenz- a Sozialpolitik, Konsumenteschutz, Ëmwelt- a Kulturpolitik, Educatioun, Recherche an Entwécklung mat an. Vum Ofkommes ausgeholl sinn d'Landwirtschaft an d'Fëscherei souwéi déi gemeinsam wirtschaftlech Aussepolitik.

Den EWR-Accord ass "dynamesch", dat heescht, déi dräi EFTA-Länner hu sech verpflicht, nei gesetzlech Reegelen, déi fir den EU-Bannemaart gëllen, och bei sech z'iwwerhuelen. D'Tatsaach datt d'Net-EU-Länner keen Afloss op nei Europäesch Gesetzer hunn, féiert an deene betraffene Länner alt zu Kontroversen a Kritik. Norwegen, Island a Liechtenstein hunn eng ronn 80 % vun der Législatioun vum EU-Bannemaart an national Gesetzer ëmgesat. Anerersäits hu se d'Méiglechkeet, eng Demande ze maachen; EU Member ze ginn, da kéinte s'och mat decidéieren. Ma och dëst steet zu Diskussioun an Island, an Norwegen huet zweemol an engem Referendum dogéint gestëmmt, EU Member wëllen ze ginn.

  1. http://www.efta.int/eea/news/croatia-joins-eea-2750